Zum Fest vum hellege Jousef – Virtrag vum P. Jean-Jacques FLAMMANG scj

Virtrag vum P. Jean-Jacques Flammang SCJ um Fest vum hellege Jousef, den 19.03.2021, an der Kierch vu Wal 

Kommentar zum Jousefsbild an enger Fenster zu Réiden an der Kierch

An all eise Kierchen gëtt et d’Statuen, Biller oder Fënsteren mat dem Hellege Josef. Esou och hei an der Waler Kierch.

Wéi ech dësen Owend virbereet hunn, ass mer eng besonnesch Fënster opgefall. Do ass e Joseph dran ofgebillt, esou wéi mer hie kennen: e bescheidenen Mann, éischter zeréckhalend, am Hannergrond, awer mat oppenen Aen, déi güteg a wohlwollend op déi kucken, déi sech un hie wenden. 

De Joseph ass net een, deen iwwerall d’Haaptwuert huet. D’ailleurs, wa mer d’Evangelien duerchliesen, da fanne mer net een eenzege Saz, deen eis d’Evangelisten vun him opgeschriwwen hätten. Si beschreiwen eis de Jousef éischter als diskreten Mënsch, e gleewegen Mann, deen sech Gedanken iwwert seng Liewenssituatioun  mëscht, an deen och op dem Härgott säi Wuert lauschtert, dat him ëmmer erëm am Dram matgedeelt gëtt. 

Seng Verantwortung als Mann vu Maria an als Fleegepapp vum Jesus hëlt hie ganz eescht. A dësem Zesummenhang, wann de Matthäus  eis beschreift wéi si an Ägypten hu missten flüchten, gebraucht hien den Ausdrock: «mit dem Kind und dessen Mutter». Wat schonn drop hiweist, datt de Joseph net de Papp vum Jesus ass – de biologesche Papp wéi haut gesot gëtt, mee de Fleegepapp, « auserkoren, Pflegevater ihm zu sein », hu mer just am Lidd gesongen. 

Am éischten Dram, deen de Matthäus eis vum Joseph opschreift, kréie mer matgedeelt, datt de Joseph Maria als Fra soll unhuelen, an hirem Kand de Numm Jesus soll ginn. Engem Kand de Nimm ginn, heescht et als säin eegent Kand unerkennen. De Numm ginn ass also ganz wichteg. An dësem Kand säin Numm ass ee ganze Programm: Jesus Yeschuah, bedeit nämlech: Gott rett. A wierklech, dëst Kand wäert Nofollger vum Kinnek David ginn, Kinnek vun Israel, Liicht fir all Vëlker, de Messias, op deen gewaart gouf. 

Ech géif den Owend 4 Aspekter vum hellege Josef ënnersträichen, déi op eisem Bild veranschaulecht sinn.  

1

A fir d’éischt emol: de Jousef huet an der Hand net en Zepter, och net e Schwäert, wéi aner Helleger, mee eng Blumm, eng Lilie. 

Dat dréckt genau aus, wéi hien mat de Mënschen ëmgeet, net autoritär, deen alles kommandéieren wëll, net herrschen an ënnerdrécken. Mee deen aneren mat Respekt begéinen, deen aneren net vereinahmen, mee hien als freie Mënsch uechten, a senger ganzer mënschlecher Würd. 

Fir dës Haltung auszedrécken, gëtt dat Wuert « keusch » gebraucht, dat ëmmer ernimmt gëtt, wa mer vum Joseph schwätzen. 

Fir dëst Jousefs Joer huet de Poopst Franziskus eis e Brief geschriwwen « Patris Corde » (Mat engem Pappenhäerz) an do geet hien och op d’Keuschheet vum Joseph an, déi hien esou beschreift: 

Vater zu sein bedeutet, das Kind an die Erfahrung des Lebens, an die Wirklichkeit heranzuführen. Nicht, um es festzuhalten, nicht, um es einzusperren, nicht, um es zu besitzen, sondern um es zu Entscheidungen, zur Freiheit, zum Aufbruch zu befähigen. Vielleicht aus diesem Grund spricht die Tradition Josef nicht nur als Vater an, sondern fügt hier noch das Wort „keusch“ hinzu. Dies ist nicht eine rein affektive Angabe, sondern drückt eine Haltung aus, die man als das Gegenteil von „besitzergreifend“ bezeichnen könnte. Keuschheit ist die Freiheit von Besitz in allen Lebensbereichen. Nur wenn eine Liebe keusch ist, ist sie wirklich Liebe. Die Liebe, die besitzen will, wird am Ende immer gefährlich, sie nimmt gefangen, erstickt und macht unglücklich. Gott selbst hat den Menschen mit keuscher Liebe geliebt und ihm die Freiheit gelassen, Fehler zu machen und sich gegen ihn zu stellen. Die Logik der Liebe ist immer eine Logik der Freiheit, und Josef war in der Lage, in außerordentlicher Freiheit zu lieben. Er hat sich nie selbst in den Mittelpunkt gestellt. Er verstand es, zur Seite zu treten und Maria und Jesus zur Mitte seines Lebens zu machen.

An deem Sënn ass Keuschheet eng grouss a wichteg Dugend fir all. D’Lilie vum Jousef weist drop hin, an hien kann eis all e Beispill sinn vu fräiem Liewen, vu Respekt virun dem aneren, vu Begleedung, déi net besëtze wëllt.   

2

Eng 2. Remark zum Bild 

An der anerer Hand hëlt de Jousef e Wénkel, deen drop hiweist, dat hien e Schräiner ass. 

Vill aner Artisten hunn hirem Jousef eng See oder en Hummer an d’Hand ginn, mee dësen Artist huet bewosst de Wénkel gewielt. 

Den Joseph ass en exakten, gewëssenhaften Handwierker, deen seng Aarbecht genau hëlt: de Wénkel weist drop hinn, datt de Jousef déi richteg Moossen hëlt, fir sech net ze verdinn, fir datt dat, wat hie mëscht, och passt, an datt de Klient zefridden ass. De Matthäus schreift a sengem Evangelium, datt de Jousef e gerechte Mann ass, also een deen sech duerch Gesetz vum Härgott bestëmme léist. 

De Joseph ass net en Dropgänger, net een deen Leit beduckst, mee en einfachen, éierlechen Aarbechter, deen säi Beruff eescht hält a mat Freed ausüübt. 

Dëst Bild vum Josef den Aarbechter ass ganz besonnesch wichteg ginn am 19. Joerhonnert. Dat war eng ganz schlëmm Zäit, wou den Aarbechter net méi als Handwierker geuecht ginn ass, mee zu enger Aart Maschinne degradéiert gouf, an de groussen Industrien vun den Kapitalisten. 

Mir feieren dëst Joer mat dem Joseph Joer, datt de Poopst Pius IX. virun 150 Joer, also 1870, de Joseph als Schutzpatréiner vun der ganzer Kierch ernannt huet. 

Virun 150 Joer also. Wa mer di 2000 järeg Kierchegeschicht kucken ass dat zimmlech spéit.  

De Joseph ass nämlech net wéi d’Muttergottes vun Ufank uns an der Kierch veréiert ginn. Et ass eréischt an där Zäit wou de Gebrauch opkomm ass, Krëppercher opzeriichten, also am 13. Joerhonnert mat de Franziskaner, wou de Jousef ufänkt eng Roll ze spillen. 

Hie muss bis 17. Joerhonnert waarden, iert hien e Fest weltwäit den 19. Mäerz gefeiert gëtt. Et ass de Poopst Gregor XV. am Joer 1621, also genau viru 400 Joer, wou dat geschitt ass. 

1661, huet de franséisch Kinnek Louis XIV. endlech e Nokomme krit, an als Merci weit hien ganz Frankräich dem Hellege Jousef.   

Mee et ass am 19. Joerhonnert, wou den hellege Jousef, esou ze soen, grouss erauskënnt. 1870 gett hien als Patréiner vun der ganzer Kierch unerkannt. An de 19. Mäerz gëtt als Héichfest unerkannt. 1889, also 100 Joer no der franséischer Revolutioun, an enger Zäit, wou den Aarbechter a seng Famill ausgebeut gouffen a wou vill geeschtegen an materiellen Aarmut ënnert den einfache Leit ass, ernennt de Poopst Leo XIII. de Josef als Patroun vun de Familljepappen a vun den Aarbechter. 

Dräi Joer méi spéit, verëffentlecht dann de Leo XIII. di 1. Sozialenzyklika Rerum Novarum, wou hien Mëssstänn vum Kapitalismus a vum Kommunismus uprangert an en 3. Wee proposéiert, wou den Aarbechter a senger Aarbecht, a senger Famill an a senger Fräiheet respektéiert soll ginn. De Jousef ass hei Virbild. D’Sozialléier huet bis haut seng Wichtegkeet, an gëtt vum Poopst Franziskus virugefouert a « Laudato si’ », oder elo d’lescht Joer « Fratelli tutti »

 De Josef, den Aarbechter, rifft eis esou di ganz sozial a politesch Mëssstänn an Erënnerung a soll eis hëllefen, eis wéi de Josef, « ëm Kand a seng Mamm » ze bekëmmeren.   

A sengem Schreiwes zum Joer vum Hellege Josef seet eis de Poopst Franziskus: 

Indem Josef die Kirche beschützt, beschützt er weiterhin das Kind und seine Mutter, und indem wir die Kirche lieben, lieben auch wir immerfort das Kind und seine Mutter. Eben dieses Kind wird einmal sagen: »Was ihr für einen meiner geringsten Brüder getan habt, das habt ihr mir getan« (Mt 25,40). So ist jeder Bedürftige, jeder Arme, jeder Leidende, jeder Sterbende, jeder Fremde, jeder Gefangene, jeder Kranke „das Kind“, das Josef weiterhin beschützt. Deshalb wird der heilige Josef als Beschützer der Elenden, der Bedürftigen, der Verbannten, der Bedrängten, der Armen und der Sterbenden angerufen. Und deshalb kann die Kirche nicht umhin, in besonderer Weise die Geringsten zu lieben, weil Jesus für sie eine Vorliebe hatte und sich persönlich mit ihnen identifizierte. Von Josef müssen wir die gleiche Fürsorge und Verantwortung lernen: das Kind und seine Mutter zu lieben; die Sakramente und die Nächstenliebe zu lieben; die Kirche und die Armen zu lieben. Jede dieser Wirklichkeiten ist immer das Kind und seine Mutter.

Nach zwou liturgesch Remarken. 

1. De Josef kritt 1955, nieft dem 19. Mäerz, nach en 2. Fest, den 1. Mee, wou mer hien net als « Bräutigam der Gottesmutter Maria » feieren, mee als « Joseph der Arbeiter ». 

2. Am Kanon vun der Mass, dem Héichgebiet, ass d’Maria, d’Muttergottes, vun Ufank un genannt ginn. De Jousef gëtt eréischt 1960 an de Kanon opgeholl vum Popst Johannes XIII. 

D’Zweet Vatikanescht Konzil huet hien dann mat der Liturgiereform net an di nei Kanonen gesat. 

De Poopst Benedikt XVI. huet dunn 2011 den Optrag ginn, de Joseph erëm an de Kanon opzehuelen, an de Poopst Franziskus huet dës Decisioun ausgefouert. Esou biede mer dann elo zenter 2013: 

Vater, erbarme dich über uns alle, damit uns das ewige Leben zuteil wird in der Gemeinschaft mit der seligen Jungfrau Maria, bäigesat mit dem hl. Joseph, ihrem Bräutigam, mit deinen Aposteln und mit allen, die bei dir Gnade gefunden haben. 

3

Komme mer dann op d’Bild zeréck fir meng drëtt Remark.

Oft gesi mer op Jousefsbiller och de Jesus, wéi bei der Statue hei an der Kierch. Op eisem Bild ass Jesus nëmmen ugedeit, an zwar duerch de Stär op dem rouden Hannergrond. 

Dëse Stär erënnert un de Stär vu Betlehem, deen di dräi Kinneken gesinn haten. Hien ass also en Zeechen, fir Jesus, an esou ass Jesus och op dësem Jousefsbild present. « Wo ist der neugeborene König der Juden? Wir haben seinen Stern gesehen » soen Kinniken. Jo, de Jesus ass dee neie Kinnek, also de Nofollger vum Kinnek David. « Gott der Herr, wird ihm den Thron seines Vaters David geben, » kritt Maria vum Engel Gabriel gesot. An an all véier Evangelien nennen de Jesus « Sohn Davids ». 

De Stär weist also op Jesus hin, dee neie Kinnek, de Nofollger vum Kinnek David, fir deen de Joseph als Pflegevater zoustänneg ass. 

De Josef selwer ass och aus der Famill vum Kinnek David. De Matthäus huet eis säi Stammbam opgeschriwwen. 

Mat klengen Detailer, déi awer immens wichteg sinn. 

Wa mer de Stammbam vum Josef liesen, da héiere mer dat de Josef säi Papp Jakob geheescht huet (ech kommen herno nach dorop zeréck). 

Mir héieren och, dat den David a säi Papp, de Jesse, am Stammbaum genannt gin, an dat de Jousef also zur Famill vun David gehéiert. « Du aus Davidsstamm geboren », heescht et am Jousefslidd; a vu Jesus heescht et am engem schéinen Chrëschtlidd: von Jesse kam die Art

Awer nach eppes aneschters fält an dësem Stammbam vum Jousef op. De KinnekJoiakin gëtt genannt, an dat heescht, datt de Jousef a seng Nokommen kee Recht hunn Nofollger ze ginn vum Kinnek David. All déi déi vum Joiakin ofstamen dierfen net Kinnek an Israel ginn. 

Wann Jesus elo Nofollger gëtt vum Kinnek David, dann ass dat en Zeechen, datt hien net dem Jousef säi Jong ass, soss dierft hien net Kinnek ginn. 

Dem Josef säi Stammbam hëlt dann och esou op: « Jakob zeugte den Josef, den Mann Marias; von ihr wurde Jesus geboren, der Christus genannt wird. » 

Also vum Josef sengem Stammbam geet et eriwwer bei Maria. Si ass jo och aus der Famill vum Kinnek David, wéi de Lukas eis et a sengen Stammbam schreift, an an deem Stammbam ass den David, awer eben net de Joiakim. Also kann hire Jong, Jesus, Nofollger vum Kinnek David ginn. An hie gëtt et jo dann och esou, datt hien di grouss Prophezeien erfëllt. Mat him, Jesus, huet de Kinnek David en éiwegen Nofollger.   

E bësse komplizéiert, mee et weist, dass et ëmmer derwäert ass, sech genau mat der Bibel a mam Wuert Gottes ausenanerzesetzen. 

 Och dat léiert eis de Jousef, de Fleegepapp vum Jesus. Deen d’Bibel ganz gutt kannt huet. An deen dofir och d’Stëmm vum Härgott a sengen Dreem konnt erkennen. 

4

Et bleift nach e 4. a leschten Punkt.

Ënnert dem Jousefsbild kënne mer de Saz liesen:  « Gehet zu Joseph, und was er sagen wird tuet! » Mir kënnen de Saz vun Maria op der Hochzäit vu Kana, wou si den Dénger iwwert Jesus seet: « Was er euch sagt, das tut! »

Mee hei ass en anere Saz aus der Bibel, aus dem 1. Buch Moses, dem Buch Genesis. Bei den Zuelen ass dem Artist e Feeler ënnerlaf, dat soll sinn 1, 55,41. Buch Genesis huet nëmmen 50 Kapitelen. Richteg ass et: 1, 41, 55. 

Mir haten am Stammbam héieren datt dem Jousef säi Papp Jakob geheescht huet. An esou gi mer un de Jousef aus dem AT erënnert, deen 12 Jongen hat, ënnert hinnen de Jousef. 

Et ass deen, deen no Ägypten als Sklav verkaaft gouf, an deen do vum Pharao zum Premierminister gemaach gouf, wëll hien Hongersnout virausgesinn huet kommen, an esou Land drop virbereet huet, andeems hien wärend deenen 7 fruchtbare Joren, Weess gesammelt huet fir di 7 Joer Hongersnout. Wéi d’Leit bei de Pharao komm sinn an no Brout gefrot hunn, sot hien hinnen: « Gehet zu Joseph und was er sagen wird, das tut. »

Wat fir den Josef aus dem AT gëllt, gëllt och fir de Josef aus dem NT.  Mir kënnen mat eise Suergen bei hie kommen, esouwuel di materiell, wéi di spirituell. A verbonnen mat him, kënne mer Gottes Wuert lauschteren. Esou fannen mer sécher och eng Äntwert op eis Froen, eng Hëllef an eiser Nout. 

An nach en klengen Hiweis: de Josef aus dem AT Testament gëtt de Leit, wann si bei hie kommen, Brout.  De Jousef aus dem NT feiert eis zu Jesus, Brout vum Liewen. Esou ass de Jousef eis e Guide, deen eis de Wee mat Jesus zum Härgott weist. An esou kënne mer d’Bild dann ëmdréien, a mat dem zweeten Deel vum Gebiet vum Poopst Franziskus ofschléissen:  

O heiliger Josef, Erweise dich auch uns als Vater, und führe uns auf unserem Lebensweg. Erwirke uns Gnade, Barmherzigkeit und Mut, und beschütze uns vor allem Bösen. AMEN. 

De Chouer an der Kierch zu Wal mat engem Jousefsbild virum Altor.

1 réflexion sur “Zum Fest vum hellege Jousef – Virtrag vum P. Jean-Jacques FLAMMANG scj”

Laisser un commentaire