Ronderëmmer de Lëtzebuerger Nationalfeierdag: Dräi Priedigten zu aktuellen politeschen Froen

Dräi Priedegten zu aktuellen Themen  gehalen an der Par Atertdall Sainte-Claire den 20. , 23. a 27. Juni 2021

Aus der Priedegt zum Markusevangelium 4, 35-41: Der Sturm auf dem See

« Wann een dann awer gesäit, datt et trotz dem Medienrummel géint d’kathoulesch Kierch nach all Joers iwwer 16.000 nei Fäll vu sexuellem Kannermëssbrauch an Däitschland gëtt, déi näischt mat der Kierch ze dinn hunn, da kann een sech froen, op ët bei all deem Medienrummel wierklech ëm d’Affer geet, an op et wierklech drëms geet, d’Kanner ze schützen an eng gutt Präventiounsaarbecht ze maachen. Ech hunn éischter den Androck, datt all déi Kierchekritik am Zesummenhang mam Kannermëssbrauch dorop erausleeft, nët den Affer zur Säit ze stoen oder d’Kanner an Zukunft ze schützen, mee den Terrain virzebereeden, e neit, antichrëchtlecht Mënschebild a Gesellschaftsbild duerchzesetzen.

An do ass nun eben dee grousse Feind d’kathoulesch Kierch, déi ganz aner Usiichten vum Mënsch, vun der Famill, vum Allgemengwuel a vun der Gesellschaft vertrëtt. »

Aus der Priedegt beim Te Deum um Nationalfeierdag zu de Bibelzitater: « Man muss Gott mehr gehorchen als den Menschen » an « Gebt dem Kaiser, was dem Kaiser gehört, und Gott, was Gott gehört. »

« Loosse mer eis also net vun enger medial gesteierter Kierchekritik impressionéieren, déi d’Kierch op sexuelle Mëssbrauch wëllt reduzéieren, fir dat jo nëmmen net iwwert de grousse Wäertemëssbrauch geschwat gëtt, deen vun internationalen Finanzlobbyen déck ënnerstëtzt gëtt.

Denke mer hei un dem George Soros seng « Open Society Foundatioun », déi et fäerdeg bréngt, hir Memberen als Riichter bei der « Cours européenne des droits de l’homme » ze placéieren. 22 vun deenen 100 Riichter, sinn a Verbindung mat dëser Associatioun, an hunn an deenen leschten 10 Joer, an 88 Fäll entscheet, wou dës Open society an d’ONGen, déi vun hier finanzéiert ginn, ugeklot waren. « Open Society » setzt sech an, fir dat de Matic-Rapport onbedingt soll gestëmmt ginn, an datt esou Gender-Ideologie a mat hier de Wäertemëssbrauch sech kann gesetzlech duerchsetzen. »

Aus der Priedegt um 13. Sondeg am Joereskrees: Huet dem Jaïrus säi Mädchen net Europa geheescht? Zum Markusevangelium Mk 5,21-24. 35b-43

Europa ass schwéier krank. Et kann a wëllt net méi mat senge ale Wäerte a Mënscherechter liewen. An esou sicht et en anere Wee: dat aalt Recht op d’Liewen, gëtt elo e Recht, d’Kanner, déi op d’Welt komme wëllen, dout ze maachen; d’Meenungs- a d’Gewëssensfräiheet verschwannen, wëll elo däerf jiddereen nëmmen nach d’Gender-Ideologie unhuelen a verbreeden, all dat anert gëtt verbueden, an kann zuguer strofbar ginn.

Europa ass krank, wéi Meedchen vum Jaïrus. Europa ass krank, wëll et mengt d’Mënscherechter géifen seng Fräiheet anengen an erstécken. An esou ännert et si, oder deet se verschwannen. A Wierklechkeet awer, stierft a verschwënnt Europa ouni dës Grondwäerter, aus deenen et entstanen ass. 

Et gëtt nëmmen nach een Auswee, an dat ass Jesus a säin Evangelium. 

Nëmmen wa mer Jesus erëm eng Plaz ginn an op säin Evangelium – an net op Gender-Ideologie – lauschteren, da gëtt Europa dat, wat et am Fong soll sinn: net e lächerlechen, zerstriddenen Kontinent, dee seng Wäerter bradéiert an der mënschlecher Entwécklung hannendru leeft, mee e Kontinent, deen de Wee ka weisen: eng besser Liewensgestaltung fir d’Mënschen all, e gréissere Respekt vun alle Mënschen an hiren Ënnerscheeder, an net eng ideologesch Gender-Gläichschaltung, déi weder de Mënsch, nach seng Geschicht, nach seng Ëmwelt a seng Entwécklung respektéiert. 

Talitha koum! Europa, stéi op!

* * * * * * * *

Laisser un commentaire